Freiden um 12 Auer um Radio: Table ronde iwwert de Basket zu Lëtzebuerg

Wéi all éischte Freideg am Mount het RTL och dës Woch nees eng Table ronde an der Emissioun am Gespréich iwwer Sport tëscht 12h an 13h Auer.
Sujet dës Kéier ass: wéi vill Amerikaner, non-jiclen oder soll ee besser soen « Profien » solle kënnen am Lëtzebuerger Basketball um Terrain stoen? 5, 3, 2 oder awer just 1, wéi et nach virun e puer Joer de Fall war? A wat kann ee géint dat villt Austausche vun den Amerikaner am Laf vun der Saison maachen? Inviteeë beim Franky Hippert sinn de Frank Arendt (President vun der Sparta Bartreng), de Frank Muller (Spiller vum T71 Diddeleng), den Erny Gruskovnjak (laang Joren Dammentrainer bei de Musel Pikes an lo Kadettrainer bei der Amicale Steesel) an den RTL-Basketballexpert Guy Seyler.

Link –> Artikel_rtl.lu

Par FLBB , le 06/03/2020 à 08:58