Gréngewald eliminated by Namur after a strong performance (game stats)

Namur war ëbessen ze staark vir de Gréngewald. En Donneschdeg den Owend huet d’Equippe vum Gréngewald am Euro Cup deel geholl. Zu Namur sinn d' »Greens » als kloren Underdog an de Match gestart. Schlussendlech, hu si awer eng staark Leeschtung gewisen, leider awer 88:68 verluer.

Den Hermann Paar sot virum Match, dass de Club/d’Equippe wéilt « hire Respekt verdéngen ». Dat ass hinnen definitiv gelongen nodeems si eng schwéier Preparatioun haten.

Et war een eenzegen Match vir den Euro Cup wéinst der aktueller Covid-19 Situatioun, gëtt keen Heemmatch um Gréngewald gespillt.

Éischt Hallschent

No engem schéine Kuerf vum Laurie Irthum vir de Match unzefänken, hat Namur een 10:0 Laf an huet vun Ufank un kloer gemaach, dass si hiren Terrain wéilten verdeedegen. Mestdagh (4/4 3er am éischten Véierel) konnt net vum Gréngewald gestoppt ginn. D’Equippe huet et awer fäerdeg bruecht e puer ganz schéin Szenen ze weisen an esou 19 Punkten am éischten Véierel ze maachen. 9 dovunner waren vum Lisy Hetting, mä Namur war awer 28:19 no den éischten 10 Minutten vir. D’Heemequippe huet weider vu baussen getraff, si hunn am Ganzen 10 Schëss (vun 20 vu baussen ra gemaach) an der éischter Hallschent, wat et immens schwéier gemaach huet vir de Gréngewald vir si ze stoppen. D’Alex Louin hat 15 Punkten an der éischter Hallschent, mä et war nach ëmmer Namur déi an der Paus mat 52:37 vir waren.

Zweet Hallschent

Gréngewald huet déi zweet Hallschent staark ugefaangen. Richardson an d’Lisy Hetting hunn et hi kritt de Kuerf ze attackéieren an mat floaters ofzeschléissen. Des Kéier war et Namur déi d’Spillerinnen net an de Grëff krut an hier Avance net ausbauen konnt.

An den leschten 10 Minutten, huet de Gréngewald Kämpferescht gewissen an konnt esou den Ënnerscheed op 13 Punkten reduzéieren mat nach 6 Minutten op der Auer. No engem Time-out vum Head Coach vu Namur, konnt d’Equippe de Match mat enger staarker Leeschtung op 20 Punkten géint de Gréngewald gewannen.

Louin (19), Lisy Hetting (18), Richardson (14) an d’Laurie Irthum (10) hunn 2 stelleg Punkten konnten markéieren.

Namur was a little too strong for Gréngewald. On Thursday-evening, the team from Luxembourg took a historic step and competed in the women’s Euro Cup. On the road against Namur, the « Greens » entered the game as the clear underdog. After showing a strong performance overall, they lost the game 88:68 in the end.

Hermann Paar said before the game that the team/club wants to „earn its respect » and they definitely accomplished that mission after a difficult preparation.

It was a single-elimination game, Gréngewald misses the group phase of the Euro Cup competition. Because of the Covid-19-situation, no second game will be played in Luxembourg, unfortunately.

First half

After a nice basket by Laurie Irthum to start the game, Namur went on a 10:0 run and made it clear from the start, that they want to protect home-court. Mestdagh (4/4 threes in the first quarter) could not be stopped by the « greens ». However, Gréngewald managed to show some nice plays in the first quarter and scored a total of 19 points, 9 of those coming from Lisy Hetting, Namur had a 28:19 lead after 10 minutes. The host continued to make outside shots, they scored a total of 10 (out of 20) in the first half and made it hard for Gréngewald to stop them. Alex Louin scored 15 points in the first half but it was Namur that had a 52:37 lead at the break.

Second half

Gréngewald started the second half strong. Richardson and Lisy Hetting were able to drive to the basket and finish some floaters and Namur could not upgrade their lead significantly in this quarter.

In the last 10 minutes, Gréngewald showed great fighting spirit and even reduced the deficit to 13 points with 6 minutes remaining in the game. Namur’s head-coach took a time-out and his team finished the game strong to win by 20 points in the end.

Louin (19), Lisy Hetting (18), Richardson (14) and Laurie Irthum (10) scored in double digits for Gréngewald.

game stats –> game_stats_Namur_Gréngewald

Par FLBB , le 17/12/2020 à 21:04