Grün: „2 gutt Matcher gespillt“ / „Merci un d’Zuschauer“

Lëtzebuerg huet béid Lännermatcher (an der Slowakei an doheem géint de Kosovo) ganz knapp verluer, de Profispiller Thomas Grün analyséiert déi 2 Matcher esou: „Menger Meenung no hunn mir 2 gutt Matcher gespillt. Natierlech ass et schued an nerveg, dass mer zwee Mol an der Situatioun waren, e Match gewannen ze kennen, an et um Enn net gepackt hunn an elo mat 2 Defaiten do stinn. Mir mussen doraus léieren, dass mer an Zukunft méi ofgeklärt spillen an de leschte Minutten vun engem enke Match. Mir kennen awer och zefridden an houfreg sinn dass mer op internationalem Niveau zwee Mol en enke Match gespillt hunn.“

D’Atmosphär an der Coque, déi quasi ausverkaf war, huet dem Thomas Grün an der Ekipp besonnesch gutt gefall.
„Zum Heemmatch well ech eisen Zuschauer Merci soen. Et war e spannenden an zuschauerfrëndleche Match, deen leider net mat enger Victoire belount gouf. Et war sécherlech Reklamm fir de Lëtzebuerger Basket an ech hoffen dass den Zuschauertrend an Zukunft esou weider geet.“

Vun dëser Nationalekipp kann een op jiddefalls an Zukunft nach weider gutt Resultater op héijem Niveau erwaarden.

Foto: Robert Straus

Par FLBB , le 24/02/2020 à 10:56