„Auslännerreegel steet mir am Wee“

Den Thomas Grün spillt weiderhin bei de Gladiators Tréier (De Vertrag leeft nach bis zum Enn vun der Saison 2020-2021). Et muss een deemno net wäit fueren, wann een him well beim Basketspillen nokucken. An der aktueller Saison leeft et fir eise Nationalspiller duerchwuess, och well eng Reegel him heiansdo am Wee steet.

Den Ex-Spiller vun der AS Zolwer erklärt, wei d’Saison bis elo gelaf ass.

T.G: D‘Liga ass dëst Joer enorm ausgeglach an et kann een géint jiddereen verléieren wann een net zu 100% fokusséiert ass oder net déi richteg Intensitéit huet. Mir sinn an den “top 8“ an wieren soumat an den Playoffs, wat eist Ziel och ass, vun dohier leeft d’Saison och gutt. Fir mech perséinlech ass et e bëssen eng duerchwuessen Saison. D‘Auslännerreeglung an der Pro A steet mer dës Saison souvill am Wee wei an kenger Saison virdrun wat mir an bestëmmten Situatiounen net erlaabt um Terrain ze stoen an wat deelweis frustrant ass. Trotz allem hat ech puer Matcher mat deenen ech ganz zefridden war. Säitdeem ech 3 Matcher verletzt hunn missen aussetzen leeft et och fir mech perséinlech vill besser.

Erklärung zur Auslännerreegel: An der Pro A dierfen héchstens 3 Spiller um Terrain sinn, déi net déi däitsch Nationalitéit hunn.

Notiz: Wei den däitsche Simon Schmitz sech verletzt huet, huet Tréier e weideren Amerikaner ënner Vertrag geholl, wat fir den Thomas Grün natierlech heescht, dass seng Spillzäit beschränkt gëtt.

 

FOTO: FIBA
Par FLBB , le 09/01/2020 à 20:49