Hären: Nächst Matcher ginn am Februar gespillt

Bei der Nationalekipp vun den Hären geet et am Februar weider, dat am Kader vun der “Pre-Qualifikatioun“ fir d’Weltmeeschterschaft 2023.
Donneschdes, den 20. Februar spillen eis Hären zum Optakt vun der Grupp an der Slowakei. Sonndes, den 23. Februar ass dann en Heemmatch an der Coque um Kierchbierg géint de Kosovo, deen sech Bastketfrënn schonn kennen rout am Kalenner markéieren.

Iwwersiicht:
Februar 2020:
20.02: Slowakei – Letzebuerg
23.02: Lëtzebuerg – Kosovo

November 2020:
26.11: Island – Lëtzebuerg
29.11: Lëtzebuerg – Slowakei

Februar 2021:
18.02: Kosovo – Lëtzebuerg
21.02: Lëtzebuerg – Island

Par FLBB , le 01/01/2020 à 19:10