Hesper: E weidere grousse Schrëtt Richtung Total League

Den Telstar Hesper huet um Samschden eng weider wichteg Victoire gefeiert. Mat 90:86 huet sech d’Ekipp vum Trainer Gabor Boros géint den direkte Konkurrent Résidence Walfer duerchgesat, dat no Verlängerung. Dobäi huet de Profispiller Wayne Foster (op der Foto mam Ball) en “triple-double“ markéiert: 19 Punkten, 17 Rebounds, 10 Assists, zudeem hat den 2. Profi Jefferson 36 Punkten.

An der Tabell huet Telstar elo 3 Punkten Virsprong op Zolwer, et bleiwen zwar nach 9 Matcher ze spillen, mee dat ass schonn e grousse Virsprong. Résidence Walfer huet allerdéngs nëmmen nach e Virsprong vun engem Punkt op Zolwer … do kéint et deemno e ganz spannenden Zweekampf ginn an de nächste Wochen. De Black Star Miersch huet keng Chancen méi, fir nächst Saison an der Total League ze spillen.

An der Ofstigsgrupp ass d’Amicale Steesel weiderhin nëmmen 1 Punkt hanner der Arantia Larochette. Steesel konnt sech 97:80 géint Sparta duerchsetzen, et war déi éischte Néierlag vun der Sparta am Ofstigsgrupp. Arantia hat zu Miersch ze kämpfen, setzt sech awer um Enn 99:91 duerch. Den AB Contern gewënnt 88:75 géint Zolwer, ass awer weiderhin 2 Punkten hanner der Arantia.

Foto: Robert Straus

rtl.lu –> Artikel_RTL.lu

wort.lu –> ARTIKEL_WORT.LU

Par FLBB , le 08/03/2020 à 10:08