Hiefenech (Dammen) an Pirates (Hären) gewannen Coupe FLBB

Um Freiden-Owend gouf de Coupe-Weekend an der Coque mat de Finallen an der Coupe FLBB lancéiert. Dobäi hunn sech Hiefenech (bei de Fraen) an East Side Pirates (bei den Hären) den Titel geséchert.

Nitia – Hiefenech 35:74
De Favorit vun Hiefenech konnt säi Pokal verdeedegen, dat an beandrockender Aart a Weis, well d’Ekipp vun der Trainerin Julie Kremer schonn no 4′ mat 10:0 an Féierung war. Hiefenech war an dësem Match hellwaakreg an huet d’Ekipp vum Trainer Alain Schaeffer vu Beetebuerg net méi an de Match zeréckkomme gelooss.

East Side Pirates – Mamer 86:79
Bei den Hären war et vun Ufank bis zum Schluss e spannenden an intensive Match, deen och eréischt an der Schlussphas entscheet sollt ginn. An der Paus stoung et 43:43, nom 3. Véierel haten d’Pirates just e knappe Virsprong vun 3 Punkten. Mamer, d’Ekipp vum Trainer Yannick Tuffel, huet a Persoun vum Billy McDaniel probéiert de Match an der Schlussphas ze dréinen, mee d’Pirates hunn hire Virsprong geréiert an d’Ekipp vum Spillertrainer Sam Welter konnt sech um Enn vu senge Supporter féiere loossen.

Betounen kann een, dass an béide Matcher d’Stëmmung an der Coque exzellent war, sécherlech eng flott Erfarung fir déi 4 Clibb, fir déi d’Finall an der Coque e groussen Héichpunkt vun der Saison ass.

Weider Fotoen zu dëse Matcher wäerten mir noreechen, wann se disponibel sinn. Haut um Samschden geet de Coupe-Weekend weider mat den éischten 2 1/2-Finallen (Musel Pikes – Gréngewald bei den Dammen an Musel Pikes – Basket Esch bei den Hären).

Par FLBB , le 01/02/2020 à 08:56