„Home Training“ fir eis CFBB Spiller a Spillerinnen

ANALYSIS from FLBB on Vimeo.

An dëser Situatioun wou keng Traininge vun eise Spiller a Spillerinne méiglech ass, probéieren eis Coache Mariusz Dziurdzia, Rumen Galabov, Denis Toroman an eisen Athletiktrainer Marcel Wilbert eis Equipe bescht méiglech mat Programmer fir doheem ze versuergen.

All d’Jugendequipe krute Programmer am Athletik Beräich vum Marcel fir iwwert des Wochen ze maachen. An Zesummenaarbecht mam Sportlycée an ENEPS kréie Spiller/innen Zougrëff op eng APP wou si dann Übunge mat Videodemonstratioune gesinn.

Och Basket Fundamentals sollen doheem trainéiert ginn. Zousätzlech ze de Basket Videoe wou haaptsächlech de Ballhandling trainéiert ka ginn, wëllen eis Coachen des Zäit och notzen, fir hir Equippen am Beräich „study and understand the game“ novirzebrengen. Duerfir kréien d’U16 an U18 Spillerinnen all Woch niewent dem Training och taktesch Aufgaben.

Am Video ënnendrënner gesitt dir puer Ausschnëtter vun der éischter Aufgab, wou Spiller verschidde Video Situatiounen analyséiere sollten. Si hunn dëst mat vill Kreativitéit a verschidde Methode gemaach. Maacht Iech en Bild 🙂

Par FLBB , le 05/04/2020 à 12:05