Infoen zum Lännermatch um Sonndeg (Live-Stream, Kader)

Haut um Sonndeg spillt eis Nationalekipp em 18:00 Auer an der Coque géint de Kosovo, e Géigner, deen een un engem gudden Dag klappe kann! Dat ass och kloer d’Zil vun eiser Nationalekipp, déi sech haut den Owend Ënnerstëtzung vun de Supporter op der Tribün erhofft.

De Match gett souwuel op “youtube“ wéi och op “rtl.lu“ live iwwerdroen.
Youtube –>LIVE_STREAM_YOUTUBE
rtl.lu –> LIVE_STREAM_RTL

Tickets kritt een nach an der Oweskeess.

De Kader vu Lëtzebuerg ännert am Verglach zum Donnechden op enger Positioun, de Yann Wolff ersetzt den Lou Demuth.

Hei de Kader an der Iwwersiicht:
De Kader:
Philippe Gutenkauf (Etzella)
Alex Laurent (Fürstenfeld)
Oliver Vujakovic (Tirol)
Thomas Grün (Tréier)
Joé Kalmes (Musel Pikes)
Kevin Moura (T71)
Philippe Arendt (Sparta)
Mihailo Andjelkovic (Contern)
Vic Heuschling (Zolwer)
Clancy Rugg (Basket Esch)
Yann Wolff (Amicale)
Gaetan Bernimont (Racing)

Head-coach: Ken Diederich
Assistant-coach: Denis Toroman
Kiné: De Waha Yves
Team Manager: Ferny Ginter

Foto: Robert Straus

 

En Artikel vun tageblatt.lu –> ARTIKEL_TAGEBLATT

Par FLBB , le 23/02/2020 à 11:30