Interview mam Laurent Schwartz: „De Guy Schmit war schon ëmmer en Virbild vun mir »

Den Ex-Nationalspiller Laurent Schwartz huet bekanntlech seng Karriär als Basketspiller an der Härenekipp ofgeschloss. Am Interview schwetzt de LAurent iwwer seng Karriär, säi Virbild Guy Schmit an wéi et weider geet.

Laurent, du hues d’Schong un de berühmte Nol gehang. Wisou ass elo de richtege Moment dofir?
Ech sinn säit 2 Joer Papp vun engem klengen Meedchen an ech mierken dass den Basket net méi alles an mengem Liewen ass, an meng Prioritéiten ganz kloer elo wou anescht sinn. Famill, Aarbecht & Basket ze kombinéieren ass net sou einfach, an et kann een leider néierens zu 100% sin.

An wéi fern war de Guy Schmit (deen och nii vun de Pikes gewiesselt ass) e Virbild an sportlecher an perseinlecher Hinsicht?
Den Guy war schonn ëmmer en Virbild vun mir. Ech hunn vun klengem un ob hien eropgekukt, well hien an mengen Aen den Basket gelieft huet, an och all frei Minutt genotzt huet fir besser ze gi. Hien war ëmmer ganz “humble” an net vun sech ageholl, wat och Qualitéiten sinn, déi net all gudden Spiller huet. Des weideren hunn ech d’Loyalitéit vum Guy bewonnert obwuel sécherlech déi eng oder aner Méiglechkeet bestane huet fir ze wiesselen, mee hien ass der Musel trei bliwwen! Bei deenen Jonken vun den Pikes (Jean & Chris D & ech) war den Motto net “be like Mike” mee “be like Guy” .

Wien waren deng Haaptkonkurrenten an all de Joren?
Haaptkonkurrenten (Equipe)huet vun Joer zu Joer gewiesselt well mir ëmmer mam Ziel gespillt hunn Champion ze gin. An all deenen Joren war dat Sparta, Contern, Steesel, Diddeleng wou oft spannend an intensiv Matcher gespillt gi sinn.

Perséinlech hunn ech mech och ëmmer mat Spiller wéi Raul Birenbaum, Pitt Koster etc gemooss, géint déi ech och schonn ëmmer an der Jugend gespillt hunn, awer och flott Momenter an der Nationalequipe erlieft hunn.

Wat kéins du jonke Spiller mat op de Wee ginn, wat kann een am Basket léieren ausser dem Sport selwer?
Wann ech jonken Spiller vun haut eppes mat ob den Wee kann gi, ass, dass haart Aarbecht belount gëtt, wann een drun gleeft. Et fält engem näischt an den Schouss, an et muss een heiansdo laang dofir schaffen. Ech hat den Privileeg dass ech zum richtegen Zäitpunkt bei d’Härenequipe komm sin an direkt konnt spillen. Den Jean Kox zum Beispill, deen haut en gestaanenen Spiller ass, huet als Jonken laang d’Bänk gedréckt, huet awer weider haart un sech geschafft, huet ni opginn, an krut dofir d’Rechnung: Momentanen Kapitän & Leeschtungsdréier vun den Pikes, jorelaangen Nationalspiller etc…
Am Basket, wéi och an all aner Equippesportaart léiert een dass een keen Eenzelkämpfer ass, an een net den Nuebel vum Universum ass. Dat kann een och iwwergräifend ob säin Liewen projezéieren.

Wat kéint een maachen fir de Basket méi attraktiv ze maachen?
Fir den Basket méi attraktiv ze maachen, muss d’Flbb entscheeden wou se hiwëllen. Wëllen se rëm zeréck ob dat familiärt, wou méi ob d’Jugend gebaut gëtt, dass déi lëtzebuerger Spiller besser gi an villäicht just mat engem Amerikaner gespillt gëtt.

Oder wëllen se ëmmer méi professionell gi, mat méi auslänneschen Spiller agéieren, fir d’Qualitéit an d’Intensitéit vum Basket ze erhéijen. Dat mëscht den Sport natierlech méi attraktiv mee ass dat den richtegen Wee?

Menger Meenung no missten vill méi Suen an Jugendtraineren investéiert gi, fir dass déi nächst Generatioun vun lëtzebuerger Spiller eruwiisst an den Basket net ofhëllt mee ëmmer méi attraktiv gëtt!

Du hues vill Zäit mam Basket verbruecht dei lescht Joren, gett elo mol eng komplett Paus gemaach oder geet et awer direkt bei B-Ekipp fir nach aktiv ze sinn?

Ech géif scho mengen dass ech iergendwann bësschen B-Equipe spillen wäert, mee lo genéissen ech mol d’Pensioun.

Par FLBB , le 25/08/2020 à 23:10