Interview with “rookie‘‘ Mike Feipel: „Malcolm and myself put the basketballs away after practice »

De Mike Feipel ass déi éischten Kéier een Deel vun der Hären Nationalequippe. Den 20 järegen Spiller vun Sparta Bartreng freet sech mat derbäi dierfen ze sinn.

Wéi hues du reagéiert wéis du matgedeelt krus, dass de nominéiert wiers?

Ech war immens frou an begeeschtert wéi ech d’Noriicht krut. Ech freeën mech ze spillen an mech mat den beschten Spiller aus der Liga kënnen ze moossen. Ech hat een gutt Gefill, dass ech kéint nominéiert ginn, nodeems ech ee gudde Start an d’Saison hat.

Wéi sinn deng éischt Impressiounen nom Training?

D’Trainingen sinn immens gutt organiséiert vum coaching staff. Se sinn haart, an méi ustrengend wéi Trainingen an den Clibb. Gläichzäiteg maachen se vill Spaass, well mir vill spillen.

Wat sinn déi Saachen un déits du dech muss gewinnen?

Als éischt muss ech mol d’Systemer léieren. Ech kennen der awer schonn e puer, well ech den Coach Ken bei der U20 als Trainer hat. Ech muss meng Roll/Platz den Moment nach fannen, ech probéieren awer ëmmer schonn alles ze ginn, obwuel et wierklech eng Erausfuerderung ass, well d’Trainingen vill méi ustrengend sinn. Dat ass awer och een positiven Aspekt, well et mir hëlleft mech als Spiller kënnen weider ze entwéckelen.

Wat ass deng Roll an der Equippe?

Momentan weess ech nach net wat meng Roll wäert sinn. Ech muss just Alles ginn an d’Spiller ronderëm mech motivéieren. Wann ech op den Terrain kommen, wäert ech mäin Bescht ginn. Wann ech meng Teammates vun der Bänk uféieren, wäert ech awer den nämmlechten Mindset hunn an alles maachen vir si unzefeieren.

Wat géifs de soen sinn deng Stäerkten als Spiller?

Ech denken ech hunn een gudden Timing, ech stinn oft op der richteger Plaz zum richtegen Moment. Ech sinn awer och zimmlech grouss, wat mir et erméiglecht d’Spiller defensiv ze stéieren an Schëss ze blocken. Denken awer och, dass mäin Schoss eng vu mengen Stäerkten ass.

Wat sinn deng Rookie-Aufgaben bei den Traininger?

De Malcolm an ech kruten amfong net direkt Aufgaben. Mee mir hunn decidéiert d’Bäll nom Training ëmmer ze raumen, well mir d’Roockies sinn. Eng vu mengen Aufgaben ass awer och d’Bäll vun enger Hal mat an déi Aaner ze huelen.

Mike Feipel is part of the men’s national team for the first time. The 20-year old player from Sparta Bertrange is excited to be part of the team.

How did you react when you got the news that you were nominated for the national team?

I was very happy and excited when I got the news. I am looking forward to playing and competing with the best players of our league. I had a good feeling to be nominated after I had a good start into the season.

What are your first impressions about the team practice?

The practices are perfectly organized by the coaching staff. They are very intense, a lot more intense then usual practices in our club, but also a lot of fun because we play a lot against each other.

What things are most important for you to adapt at the moment?

First of all, I have to learn the plays. However, I know some of them from my time with coach Ken at the U20-team. I have to find my place at the moment and give all I have, it is a challenge to answer the enormous intensity at practices, but that is positive and challenging which helps me a lot as a player.

What is your role in the team?

At the moment, I do not really have an idea what my role will be. I just have to give everything I have and motivate all players around me. If I step on the court, I will give my best and if I encourage my teammates from the bench, I will have the same mindset to give my best as a motivator.

What would you consider your strengths as a player?

I think that I have a good timing as I am often in the right spot at the right moment. Furthermore, I am quite tall which gives me the ability to disturb players on the defensive end and block shots. My ability to shoot the ball is also a strength of my game.

What rookie-duties do you have to take care of at practices?

Malcolm and myself did not really get any rookie-duties. However, we decided to put the basketballs away after practice because we are the rookies of the team. I also have the « job » to take the balls from one gym to another gym.

Picture: Maya and Robert Straus

Par FLBB , le 20/11/2020 à 18:22