Iwwerbléck an Reaktiounen zum neie Modus bei den Dammen

Um Samschden gouf op der AGE e neie Modus fir de Championnat gewielt. Niewent den Hären kënnt et och bei den Dammen zu engem Wiessel vum Modus. Déi gewielte Propose hat nämlech souwuel bei den Hären wéi och bei den Dammen eng Ännerung virgesinn.

Den Ënnerscheed tëschent der Total League an der Nationale 2 ass grouss, dofir spillen och Clibb fräiwëlleg net an der héchster Divisioun. An der Total League wäerten nächst Saison 9 Ekippen aktiv sinn: Etzella, Esch, Gréngewald, Contern, Sparta, Musel Pikes, T71, Amicale an Résidence.

De Spillmodus an der Total League kurz erkläert:
Phase 1: Regulär Saison (16 Matcher, Hin- a Réckronn)
Phase 2: Platzéierungsmatcher (Top 8 Clibb, 7 Matcher)
Phase 3: Play-offs nom Prinzip 1-8, 2-7, 3-6, 4-5

Op- an Ofstig:
Den Tabelleleschten aus der Total League spillt an enger Grupp mat den Top 3 Ekippen aus der Nationale 2, d’Punkten ginn op 0 gesat, et ginn 6 Matcher gespillt an déi 2 bescht Ekippen spillen d’Saison drop Total League!

An der Nationale 2 bei den Dammen spillen 12 Ekippen (Arantia, East Side Pirates, Black Star, Schieren, Heffingen, Kordall, Nitia, Préizerdall, Racing, Wiltz, Zolwer, Telstar) woubäi een soen muss, dass 2 Veräiner (Kehlen, BC Mess) keng Ekipp méi ugemellt hunn, dofir ass de Black Star Miersch nees dabäi. Déi 3 éischt aus der Nationale 2 kréien d’Chance fir den Opstig ze spillen.

Hermann Paar: „Total League op 10 Ekippen opstocken“
D’Zil ass et deemno, dass an der Saison 2021/22 nees 10 Ekippen an der Total League aktiv sinn. Dat begréisst den Trainer vum Gréngewald, Hermann Paar: „D’Zil muss et sinn nees zu 10 an der Total League ze spillen, mee dat geet net vun alleng, do bedarf et Initiativ“, sou de fréiere Nationaltrainer, deen sech awer driwwer freet „dass beim Modus och d’Dammenliga berécksiichtegt gouf. Elo musse mer de Modus probéieren an kucken op en gutt ass.“

Thierry Kremer: „frou dass iwwerhapt emol iwwer den Modus bei den Dammen geschwat gouf“
De neie Steeseler Dammentrainer Thierry Kremer gesäit d’situatioun ähnlech wei den Hermann Paar. „Et ass immens bedauerlech dass mer bei den Dammen di kommend Saison just zu 9 wäerte spillen. Ech kann natierlech den Veräiner hir Argumenter deels verstoen firwat se net opsteigen/dra bleiwen wëllen, trotzdeem sinn ech der Meenung dass et do Léisungen gi wieren fir awer kennen zu 10 ze spillen.“

Donieft war et flott, dass d’Diskussioun iwwer de Modus net elleng op de Männerberäich limitéiert gouf, sou de Kremer: „Wat de neie Modus ugeet sinn ech virun allem frou dass iwwerhaapt mol iwwer den Modus bei den Dammen geschwat gouf. Bis elo hat een éischter d’Impressioun et wier just den Häremodus wichteg an d’Dammen géifen dann iergendwéi niewendrun lafen. Vun dohier fannen ech et gutt dass eppes geännert gëtt. Ech denken deen neie Modus versprécht vill Spannung, ob en lo schlussendlech deen « Richtegen » muss ee gesinn. Ech freeën mech jiddefalls drop, an hoffen dass mer dann wierklech den 26. September starte kennen.“

Wéider Links:
Fotoen an Press-Artikel vun der AGE –> Fotoen an Press-Artikel vun der AGE vun der FLBB
Iwwerbléck vun de Clibb / Ligen fir nächst Saison –> OVERVIEW: Where do the clubs play in the 2020/21 season?

Par FLBB , le 28/06/2020 à 12:42