Kloer Favoritten am Op- an Ofstigskampf

Um Freiden geet et lass an der Op- an Ofstigsgrupp an der Total League. An dëser Liga trieden erëm 4 Ekippen aus der Total League géint 4 Ekippen aus der Nationale 2 un, dobäi ginn also insgesamt 14 Spilldeeg gespillt. Et kann een deemno vun enger neier oder zumindest zweeter Saison schwätzen.

E Bléck op Tabell(en) weist, dass et kloer Favoritten ginn. Résidence Walfer an Telstar Hesper hunn schonn e Virsprong vun 3 Punkten op Zolwer an 6 Punkten op de Black Star Miersch. 3 Punkten sinn an dësem Championnat schonn ganz vill, wichteg ginn virun allem och déi direkt Dueller tëschent den Ekippen, déi em den Opstig streiden. Black Star kann sech kaum eng Néierlag an der Opstigsgrupp erlaben, wann een well uewen dobäi bleiwen. Allerdéngs huet de Veräin duerch déi 4. Platz an der Tabell schonn fir eng ganz positiv Iwwerraschung gesuergt.

An der Ofstigsgrupp sinn den AB Contern an Amicale Steesel gefuerdert, an zwar ganz staark. Déi 2 Veräiner hunn e Réckstand vun 3 Punkten op Sparta an Fiels, eng ganz grouss Erausfuerderung waart also op déi 2 Clubs. An de leschte Joren sinn d’Punkten gedeelt ginn virum Optakt vun der Op- an Ofstigsgrupp, dës Joer ass dat net méi de Fall.

Betounen muss een, dass um Enn vun der Saison definitiv 2 Ekippen op- an 2 Ekippen ofsteigen. 

De Spillprogramm um Weekend:

Freideg:

20.30: Sparta – Résidence

Samschdeg:

20.30: AB ConternBlack Star

20.15: Amicale – Telstar Hesper

Sonndeg:

18.00: Zolwer – Arantia

 

An der Titelgrupp geet et och lass mam éischte Spilldag. Hei gëtt et eng Ännerung, an zwar spillen d’Ekippen nëmmen 1 mol géinteneen, deemno sinn insgesamt 5 Spilldeeg virgesinn, duerno stinn 1/4-Finallen um Programm, woubäi déi 2 stäerkst Ekippen spillfräi hunn. Déi beschte Chancen op de Platzen 1 an 2 ze stoen, hunn kloer d’Musel Pikes an Basket Esch. Béid Ekippen wäerte probéieren, sech den Heemvirdeel fir 1/2-Finall (an eng méiglech Finall) ze sécheren.

 

Samschdes:

20.00: Hiefenech – Musel Pikes

20.30: Basket Esch – T71

Sonndes:

17.15: Etzella – Racing

Par FLBB , le 07/02/2020 à 07:08