Lännermatcher um Donneschden an Sonndeg!

Photo: Robert Straus

Am Kader vun der “Pre-Qualifikatioun“ fir d’Weltmeeschterschaft 2023 spillt Lëtzebuerg 2 Matcher an de nächsten Deeg. En Donneschden (20.02, 18 Auer) ass et en Auswäertsmatch an der Slowakei, Sonndes (23.02, 18 Auer) kennt et heiheem an der Coque um Kierchbierg zum Match géint de Kosovo.

De Lëtzebuerger Nationaltrainer Ken Diederich wëll mat der Ekipp „dee beschtméigleche Basket spillen an e Maximum eraushuelen. Eis Profispiller sinn eréicht Méindes beim Training dobäi. De Géigner Slowakei trainéiert säit dem 6. Februar als Ekipp zesummen, et ass kloer dass et net einfach gëtt.“ Virun allem am Heemmatch um Sonnden erwaart sech de Ken Diederich vill Ënnerstëtzung an der Coque: „D’Jongen hunn déi lescht Joren enorm gutt gespillt, mir hunn 3 Qualifikatiounsmatcher gewonn an d’Sëlwermedaile an Montenegro misst Beweis genuch sinn wei mer eis entwéckelt hunn. Eng gutt Stëmmung an Ënnerstëtzung sinn ganz wichteg, wann mer wëllen e gutt Resultat areechen, dofir sollen d’Supporter eis ënnerstëtzen kommen.“

Mat dobäi ass och de Profispiller Clancy Rugg, deen säit e puer Wochen de Lëtzebuerger Pass huet. 1 agebiergerte Spiller dierf pro Ekipp zum Asaz kommen. „Ech gesinn mech als Leader vun dëser Ekipp. Mäin Zil ass ganz kloer des Ekipp ze verstärken an eis eng Chance ginn fir Matcher ze gewannen. Dat klappt nëmmen wann mer haart an zesumme spillen. D’Géigner (Slowakei an Kosovo) kennen ech net gutt, mee eis Zil muss et sinn d’Matcher ze gewannen.“

Een vun de Leeschtungsgaranten am “Team Lëtzebuerg“ ass de Profispiller Alex Laurent. De fréiere Steeseler spillt aktuell an Éisträich. „Ech wäert weiderhin probéieren des Ekipp ze leeden, an dobäi meng Erfarungen aus dem Ausland notzen“, erkläert den Alex seng Roll an der Ekipp. Zilsetzung ass fir hien och kloer, et geet een an d’Matcher fir ze gewannen. „Mir hunn eis mam Clancy ganz kloer verstäerkt an hate schonn e puer gutt Resultater déi lescht Joren, mir wëllen Matcher gewannen, wann méiglech net nëmmen 1.“ Wichteg wier dobäi natierlech de Support vun den Zuschauer an der Coque: „Zu Lëtzebuerg an der Coque huet kee Géigner et einfach. Wann een dann nach eng voll Hal huet an d’Fans am Réck spiert, dann gëtt dat Extra Energie!“

D’Lëtzebuerger Nationalekipp hofft op d’Ennerstëtzung vun senge Fans an der Coque e Sonndeg, fir dass aus dem Lännermatch e Basketfest gëtt.

De Match zu Bratislava am Livestream kucken –> YOUTUBE

De Match géint Kosovo am Livestream kucken –> RTL LIVESTREAM  by Media4All oder YOUTUBE

Facebook-Event –> FACEBOOK_EVENT

Tickets –> TICKETS

De Kader:
Philippe Gutenkauf (Etzella)
Alex Laurent (Fürstenfeld)
Oliver Vujakovic (Tirol)
Thomas Grün (Tréier)
Joé Kalmes (Musel Pikes)
Kevin Moura (T71)
Philippe Arendt (Sparta)
Mihailo Andjelkovic (Contern)
Vic Heuschling (Zolwer)
Lou Demuth (Gréngewald, spillt Donneschdes)
Clancy Rugg (Basket Esch)
Yann Wolff (Amicale, spillt Sonndes)
Gaetan Bernimont (Racing)

Head-coach: Ken Diederich
Assistant-coach: Denis Toroman
Kiné: De Waha Yves
Team Manager: Ferny Ginter

 

Virschau op rtl.lu –> Virschau_rtl.lu

Par FLBB , le 18/02/2020 à 22:10