Laurent: „Am nämmlechten Trikot hu mir méi Spaass“

Um Samschden (11.01) stounge sech déi 2 Lëtzebuerger Nationalspiller am direkten Duell an Éisträich géintiwwer. Um Enn war et den Alex Laurent mat senger Ekipp “Fürstenfeld“, déi sech géint Tirol mam Oliver Vujakovic konnt duerchsetzen.

Den Alex Laurent koum op staark 30 Punkten bei der 71:58-Victoire vu senger Ekipp. Den Oliver Vujakovic huet 6 Punkten markéiert.

Nom Match huet den Alex Laurent gesot, dass seng Ekipp „de Géigner op kee Fall hätt dierfen ënnerschätzen, well si ëmmer 40 Minuten kämpfen.“
Natierlech war et fir déi 2 Spiller eng besonnesch Situatioun, am Ausland géinteneen ze spillen, oft kënnt dat net fir. „Mir hunn natierlech mateneen geschwat wärend dem Match. Et mécht enorm vill Spaass géint den Oli ze spillen, allerdéngs hate mir ganz kloer de nämmlechte Gedanken nom Match, an zwar dass et vill méi Spaass mécht den Terrain am selwechten Trikot ze deelen.“

Den Oliver Vujakovic, deen zwar „net esou vill Spillzäit krut wéi gewinnt“, ergänzt: „Ech hunn an deene 15 Minutten um Terrain den Alex verteidegt, dat war schon speziell. Et war Zoufall dass hien an Éisträich gewiesselt ass. Seng Ekipp huet um Enn verdéngt gewonn, dat muss een zouginn. Ech spillen och léiwer mam Alex wéi géint hien.“

Am Februar spillt eis Nationalekipp vun den Hären déi nächst offiziell Lännermatcher, dat an der Slowakei (20.02) an doheem géint de Kosovo (23.02).

Statistiken vum Match –> Stats_Laurent_Vujakovic

Par FLBB , le 03/01/2020 à 21:28