Leschten Test fir U16 Meedercher virun der Europameeschterschaft zu Skopje

Zum Ofschloss vun hirer Virbereedung op Europameeschterschaft zu Skopje an Mazedonien (16.8-26.8.2017) sinn U16 Meedercher fir en Stage op Tallinn an Estland geflunn.

Zil ass et déi lescht Ofstëmmungen op an nieft dem Terrain ze maachen virun der EM. Fir bal all Meedercher wäert d'EM eng néi Erfarung sinn an dowéinst ginn déi zwee Matcher géint U16 vun Estland nach emol genotzt vir op héijem Niveau ze konkurréieren.

D'Meedercher spillen den 10. August um 18.00 Auer an den 11. August um 13.00 Auer lokal Zäit. No der Reckrees ginn et dann nach zwou Trainingsunitéiten fir den Fäinschlëff ze maachen éiert dann den Highlight vun der Saison op Meedercher waart.

Fir Lëtzebuerg wäerten spillen:

#4 – Kim Sowa, Basket Esch

#5 – Joy Baum, Basket Esch

#6 – Chiara Beslija, Résidence Walfer

#7 – Julie Nilles, T71 Diddeleng

#8 – Morgane Scaillet, Résidence Walfer

#9 – Sofie Olsen, Résidence Walfer

#10 – Mara Chaumont, Musel Pikes

#11 – Lis Siebenaler, Sparta Bartreng

#12 – Tanja de Rond, Résidence Walfer

#13 – Marlis van den Berg, Musel Pikes

#14 – Lara Mores, Amicale Steesel

#15 – Camille Kohll, Sparta Bartreng

« 

Par FLBB , le 10/08/2017 à 01:32