Lëtzebuerg steet an der FIBA-Weltranglëscht op de Platzen 68 (Fraen) an 77 (Hären)

Déi offiziell FIBA-Weltranglëscht bewert Matcher aus deene leschten 8 Joer, d’Formel zur Berechnung ass komplizéiert, well et ennerschiddlech Punkten fir d’Natiounen gëtt je nodeem géint wéi e Géigner an wéi héich dass Matcher gewonne/verluer ginn.

Aktuell läit Lëtzebuerg bei den Hären op der 77. Platz ënner 168 Natiounen. An Europa stinn d’Hären op der 39. Platz vun 49 Natiounen.

De Ken Diederich, Nationaltrainer vun der Hären-Nationalekipp, betount, dass een „bei der Bewertung vun der Weltranglëscht muss virsiichteg sinn, well net all Matcher zielen, déi mir spillen mee just déi an FIBA-Kompetitiounen (zu deenen JPEE zum Beispill net zielen). » Trotzdem ass d’Weltranglëscht fir den NAtionaltrainer „en Unhaltspunkt fir d’Géigner anzeschätzen. Wou mir géint Groussbritannien gewonn hunn, waren si 22. an der Weltranglëscht, wat eng enorm stark Platzéierung ass. »

Komplette Ranking bei den Hären –> FIBA_RANKING_HÄREN


Bei den Dammen läie mir op 68. Platz ënner 124 Natiounen, europawäit op der 36. Platz vun 45 Natiounen.

Komplette Ranking bei den Dammen –> FIBA_Ranking_Dammen

Wéineg iwweraschend läit d’USA an béide Kategorien (Fraen an Männer) op der 1. Platz. , Spuenien an Canada läien ab béiden Kategorien an den Top 5.

Par FLBB , le 07/08/2020 à 08:28