Lëtzebuerg verléiert géint Schwãiz

Et ass leider am 5. Match vun der EM net duer gaangen fir eng 2.Victoire am Tournoi ze feieren.

Meedercher sinn gutt an den Match gestart, sie kruten vill Rebounde géint déi grouss Schwäizerinnen, mee Sie hunn sech an der Offense leider net oft genuch belount. Mat knapp 26% Trefferquote aus der 2-Punktenzone gëtt et schwiereg een Match ze gewannen. Meedercher hunn awer weiderhin gekämpft. Den Kraaftopwand huet awer och an der 2.Hallschent dofir gesuergt dass den Géigner ëmmer méi zu zweeten einfachen Chancen koum. Schlussendlech ass den Match mat 58-35 un Schwäizerinnen gaangen déi elo muer mat den Irinnen em Plaz 9 kämpfen wäerten.

Mir spillen muer géint Estland um 14.15 em Plaz 13. Een Géigner deen bekannterweis an eiser Reechwäite ass! No der positiver Reaktioun vun haut wäerten Meedercher muer och sécherlech nach méi motivéiert an den Match starten!

Statistiken vum Match:

http://www.fiba.basketball/europe/u16bwomen/2017/Luxembourg

« 

Par FLBB , le 24/08/2017 à 21:24