Ligastart an der Belsch ass verréckelt ginn

Bei eise Noperen an der Belsch ass de Saisonoptat an der héchster Liga (EuroMillions Basketball League) verréckelt ginn. Eigentlech hätt sollen den 2. Oktober ugefange ginn mat der Saison, elo soll et eréicht den 7. November lassgoen.

Grënn dofir sinn d’Restriktiounen beim Areesen aus verschiddene Länner (ënner anerem den USA) souwéi dem lokale Verbuet vun Kontaktsport an verschiddene Regiounen vum Land.

Um Spillplang an Modus soll näicht geännert ginn, huet de Liga-Präsident Arthur Goethals betount.

Zu Lëtzebuerg fänkt d’Saison de Weekend vum 26. / 27. September un, aktuell starten d’Clibb an den Training an d’Veräiner probéieren hir ProfispillerInnen aus dem Ausland op Lëtzebuerg ze kréien. Verschidde Clibb hunn och nach keng ProfispillerInnen ënner Kontrakt geholl.

Par FLBB , le 06/08/2020 à 08:30