Lisa Jablonowski wäert an Italien als Profispillerin aktiv ginn

D’Lisa Jablonowski wäert no bal 4 Joer an den USA nächst Saison eng éischt Statioun als professionell Basketballspillerin untrieden. Wéi de Quotidien schreift, spillt d’Jablonowski nächst Saison an Italien, mei genee bei “Costa Masnaga“ an der 1. Liga.

Niewent dem Magaly Meynadier, dat bei den “Angels Nördlingen“ bleift, wärt Lëtzebuerg deemno sécher 2 Profispillerinnen am Dammeberäich nächst Saison hunn. Op d’Profi-Karriär vum Nadia Mossong weider geet, steet nach net fest.

Artikel vum Quotidien –> article_lequotidien.lu

Par FLBB , le 10/06/2020 à 20:58