Lisa Jablonowski zum Trainingsoptakt an Italien: „Géigner mat schnellem Spill iwwerraschen. »

Fir d’Lisa Jablonowski huet d’Profikarriär an Italien ugefang. Aktuell ass d’Nationalspillerin an der pre-season voll am Training.

„Eigentlech gesäit mäin Alldaag relativ langweileg aus », seet d’Lisa mat engem Laachen, den Daag iwwer gëtt nämlech vill trainéiert. „Mir hunn Moies 2-3 Stonnen Training vun ongefeier 9-11 Auer an Mëttes nach emol dat nemlecht, normalerweis vun 3-5 Auer. Den Training ass natierlech agedeelt an Konditioun-, Kraft, Stretch- an Baskettraining. »

Wäit huet d’Lisa et net fir an d’Hal, knapp 5 Minutten zu Fouss oder 2 Minutten mam Auto ass d’Lisa ennerwee. „Meeschtens kachen ech mir selwer, mee mir ginn och ab und zu emol an de Restaurant an eis eng Glace sichen », sou d’Lëtzebuergerin, déi betount, dass een d’Zäit aktuell intensiv notzt fir ze trainéieren, well pur jonk Spillerinnen ab dem 14. September erëm an d’Schoul ginn: „Mir hunn eng enorm jonk Ekipp an wëllen ganz séier an aggressiv spillen an doduerch d’Géigner iwwerraschen. No der intensiver Zäit wäert d’Trainingsintensitéit warscheinlech erofgoen, och well eis Gruppen dann méi kleng ginn. »

Ganz positiv sinn déi éischt Andréck vum Lisa an Italien: „Ech sinn beandrockt vun der Organisatioun an den Traineren, eis Philosophie fir als jonk Ekipp ganz schnell ze spillen gefällt mir gutt. Och wann verschidde Spillerinnen ganz jonk, spillen si schonn op engem starke Niveau. »

Niewent dem Training bleift deemno net ganz vill Zäit, mee wann d’Lisa emol e fräien Dag huet, dann gëtt déi och genotzt: „Wann ech emol e fräien Dag hunn, probéieren ech un e Séi ze fueren oder op Mailand. »

D’Lisa huet eis e puer Fotoen geschéckt vun der Haal an der Géigend. D’Saison an Italien geet den 3. Oktober un.

Par FLBB , le 05/09/2020 à 19:48