Los Angeles Lakers sinn NBA Champion 2020 (highlights)

D’Los Angeles Lakers hunn de Championstitel 2020 an der NBA gewonn. An der « bubble » zu Orlando war et eng ganz besonnesch Schlussphas vun der Saison 2019/20, um Enn setze sech d’Lakers mat hire Superstaren Lebron James an Anthony Davis 4:2 an der Finall géint Miami Heat duerch. MVP vun der Finall war de Lebron James, et ass déi 4. Kéier an senger Karriär.

Hei sinn « highlights » vum entscheedende 6. Match op youtube:

Par FLBB , le 12/10/2020 à 07:06