Loulou Kenens: „I want to play for the national team at one point in my career »

D’Loulou Kenens (Nummer 7 op der Foto), ass eng Ex-Spillerin vum BBC Telstar Hesperange, dat elo an Éisträich (Wien) an senger 3. Saison scho spillt. Hat ass an der éischter Liga dohannen déi zweet Spillerin an der Punktelëscht mat 18 Punkten de Match. Rebounds huet hatt am Duerchschnëtt 8,3 de Match, dobäi kommen 2 Assists pro Match.

Dat 23-järeg Loulou studéiert Eco a sengem Bachelor/Master a spillt niewebäi Basket. „Mir trainéieren 4-5 Mol d’Woch, wat et heiansdo schwéier mécht de Basket an d’Uni ënnert een Hutt ze kréien. An awer sinn ech mega frou déi 2 Saachen kënnen ze kombinéieren, virun allem an Zäiten wéi elo ».

D’Equippe vu Wien huet 5 vun 8 Matcher dës Saison bis elo gewonnen an ass momentan 4ten an der Tabell. „Eis Saison war bis elo ganz gutt. Mir sinn 4ten an eist Zil ass et an d’Play Offs ze kommen. Lëscht Joer hunn e puer erfueren Spillerinnen d’Equippe verlooss, dat heescht elo si mer eng méi jonk Equippe an verschidden Spillerinnen, ënner anerem och ech, hu missten Responsabilitéit iwwerhuelen. Ech konnt dës Erausfuerderung bis elo ganz gutt unhuelen an hoffen doduerch och nach besser ze ginn. Mir sinn den Moment nach amgangen den Rhythmus als Equippe ze fannen nodeems mir e puer Startschwieregkeeten haten ».

De Basket war ëmmer een wichtege Faktor am Loulou sengem Liewen an wäert et och an Zukunft sinn. „Nieft menger Famill a mengen Kolleegen, ass de Basket eng vun deenen wichtegsten Saachen fir mech. Ech schaffen haart fir och an Zukunft op engem héijen Niveau kënnen ze spillen. Dës Saison wëll ech menger Equippe awer mol hëllefen gutt ofzeschneiden an d’Play Offs ze erreechen. Ee vu mengen Zieler ass et och fir d’Nationalequippe duerfen ze spillen ».

D’Loulou ass awer net déi eenzeg Lëtzebuergerin an der Equippe déi « Basket flames » heescht. An der Equippe spillt een lëtzebuergescht Trio, mam Lisa Scheltien, och eng Ex-Spillerin vum Telstar Hesperange, dat am Duerchschnëtt 8,6 Punkten, 4,8 Rebounds hëlt an 4,4 Assists pro Match huet an dem Lena Mersch, dat 8,6 Punkten, 2,4 Rebounds an 2,9 Assists de Match huet.

Loulou Kenens (picture: number 7), former player of BBC Telstar Hesperange, is playing in Austria (Vienna) for the third straight season. In the first league Austrian league, Kenens is the second leading scorer of the league with 18 points per game. She also averages 8.3 rebounds and 2 assists per game.

The 23-year-old Loulou is studying (bachelor/master in economics) in Austria and playing basketball at the same time. „We are practicing 4 – 5 times per week, which makes it sometimes hard to combine basketball and studies. However, I am extremely happy to have the possibility to do both things, especially during the current times. »

The team from Vienna has won 5 out 8 games so far this season, good enough for 4th place in the standings. „Our season has been solid so far. We are in fourth place and have the clear goal to reach the play-offs. Some experienced players left the team last year, we are now younger and some players have taken over more responsibility, including myself. I was able to take profit of that chance so far and I want to build on that opportunity to continue to  get better. We are currently finding our rhythm as a team after some struggles to start the season.“

Basketball has been an important part of Loulou’s life and continues to be. „Next to my family and friends, basketball is one of the most important things to me. I am working hard to play on the highest possible level in the future. This season, I want to help my team finish in a good place in the standings and reach the play-offs. One of my goals is to play for the national team at some point in my career. »

Kenens is not the only player from Luxembourg on the team that is called « Basket flames ». In fact, a luxembourgish trio is part of the team. Lisa Scheltien, also a former player of Telstar Hesperange, is playing for the team as well. She is averaging 8.6 points, 4.8 rebounds and 4.4 assists per game. Lena Mersch is the third luxembourgish player, she is averaging 8.6 points, 2.4 rebounds and 2.9 assists for the team.

Par FLBB , le 22/12/2020 à 09:10