Luxembourg – Romania 62-53

Mat eenormem Asaatz hun Jongen gekämpft geint ee kierperlech iwerleenen Geigner, an dobai och nach op de Vic Heuschling misse verzichten ( Rëckeprobleemer).

Awa och deen Ausfall hun si verkraft.

Am 1.Veirel as rop a rof gaang, vill einfach Kierf si verpasst gin op deenen zwou Saiten an esou stung et 10-9 fir Letzebuerg no 10 Minuten.



Am 2. Veirel huet equipe dun gewisen weivill Potential si huet,  mat enger agressiver defense goufen rebond gefaang an schnell no viir gespillt, an op emol sin och Schëss vun baussen gefall. Mat 23-16 as dee Veirel gewonn gin an et stung 33-25 bei halbzeit.

Et as am 3. Veirel sou weider gaang, op all Kuerf vun de Rumänen hun eis Jongen een drop gesaat, 48-38.

Obschon de 4. Veirel mat 14-15 verluer gung, konnt eis U18 domadder di 2. victoire feieren an as elo well secher mindestens fir Plaazen 9-16 ze spillen.



Haut geet et am letzte Gruppematch geint Schweden an mat enger weiderer victoire koennten eis Jongen sech esouguer fir den Top 8 qualifizeiren.

Egaal wei dese match ausgeet, equipe huet well mei erreecht waat ee sech erdreemen konnt am Viirfeld an waat ganz wichteg as, si hu sech eenorme Respekt verschafft virun all Géigner!!!« 

Par FLBB , le 27/07/2014 à 10:22