Magaly Meynadier ass beim “Final Four“ am Asaz

Dëse Weekend steet fir d’Magaly Meynadier an seng Ekipp XCYDE Angels e besonneche Weekend um Programm. Nom Optakt vun der Saison lescht Woch mat der Coupe 1/4-Finall gëtt um Samschden an Sonnden de « Final Four » gespillt, an dat zu Nördlingen, domat huet d’Ekipp vun der lëtzebuerger Nationalspillerin Heemvirdeel.

Déi däitsch Basketballlga huet sech dozou entscheet d’Saison mat engem absoluten « highlight » unzefänken, de Gewënner vun dem Final Four ass offiziell « Coupe »-Gewënner vun der Saison 19/20.

Matcher um Samschden:
Halbfinale 1 um 15:00 Uhr: TK Hannover – Rutronik Stars Keltern
Halbfinale 2 um 18:00 Uhr: XCYDE Angels Nördlingen – TSV Wasserburg

Informatiounen zu Tickets oder dem Live-Stream fennt een op dbbl.de

Artikel vun lequotidien.lu –> article_lequotidien.lu_Premium

Foto: Angels Nördlingen

Par FLBB , le 17/10/2020 à 09:43