Manuel Fonseca: „Ech muss eng staark Moral hunn, fir erëm gesond ze ginn.“

De Manuel Fonseca huet et gesondheetlech schwéier getraff, dat virun ronn 3 Méint, wéi hien an der Nuecht zesummegebrach ass. Diagnos: Guillain-Barré-Syndrom!

„Bei dëser Krankheet entschlofen d’Nerven vun de Muskelen. Et fänkt un den Hänn an un de Féiss un, duerno ass dann de ganze Kierper betraff. Ech hat 2 normal Grippen, déi ech wuel net richteg auskuréiert hunn, emol zu London an emol an Portugal. Den 29. Oktober hat ech owes Kribbelen an den Hänn, ech sinn bei den Dokter gaangen. An der Nuecht op den 1. November 2019 sinn ech an der Nuecht zesummegebrach, ech konnt näischt méi beweegen, war also komplett geläämt an sinn an d’Klinik komm“, sou de Manuel, deen iwwer seng Krankheet ganz oppen schwätzt an och Fotoen an Videoen vun senger Behandlung an de soziale Netzwierker deelt.

Um Telefon mécht de Basketarbitter e gudden a monteren Androck, hien laacht vill an mécht Witzer, allerdéngs „ass et mam Schwätzen nach schwéier“, seet hien selwer. Momentan ass hien am Rehazenter an léiert erëm verschidde Saachen: „Ech hunn alles missen néi léieren, och zum Beispill wei een eng Forschett unhält, dat war natierlech speziell an och oft ustrengend. Ech brauch eng ganz staark Moral, fir erëm gesond ze ginn. Ech sinn awer optimistesch, dat muss ech och sinn. Meng Famill ënnerstëtzt mech fantastesch, hinnen soen MERCI an virun allem och menger Frëndin, ouni déi ech net esou wäit komm wier.“

De Basket vermësst hien natierlech och, kloer Zil ass et an Zukunft erëm als Arbitter um Terrain ze stoen. „Enn Abrëll well ech aus dem Rehazenter raus sinn, an mech weider erhuelen. Normalerweis dauert et 3-6 Méint, fir sech vun der Krankheet ze erhuelen, et kann awer och méi laang daueren. Eppes, wat ech op jiddefall an Zukunft erëm maache wëll, ass päifen goen! Ech muss de “Lucky“ (Luc Meisch) nach erëmkréien an méi Matcher päifen wie hien“, sou de Manuel mat engem Laachen. Des Krankheet huet de Manuel awer och gepräägt fir Zukunft: „Ech wëll mäi Liewen ab elo vill mei genéissen.

Message vun der FLBB an vum Präsident Heng Pleimling un de Manuel:
Als Lëtzebuerger Basketfederatioun hoffe mir, dass du séier erëm op d’Been kenns. Mir waren iwwer d’Noriicht vun denger Krankheet schockéiert, mee mir bewonneren däi Courage am Ëmgang domat an sinn eis sécher, dass mer dech schonn deemnächst erëm mat enger Päif am Mond op engem Basketballterrain kenne gesinn. Mir wenschen vill Courage!
Par FLBB , le 29/01/2020 à 20:14