Matspillerin vum Magaly Meynadier packt de Sprong an WNBA

An der Nuecht op e Samschden war den Draft an der WNBA. Dobäi gouf mam Luisa Geiselsöder (20) eng jonk Matspillerin vum Magaly Meynadier bei XCYDE Angels gedraft, dat bei “Dallas Wings“ op der 21. Platz. Mam Satou Sabally huet Dallas eng wéider däitsch Spillerin gedraft, Sabally war insgesamt den 2. Pick an der Draft.

Kuckt hei e klengen highlight-Video vun der U19-EM lescht Joer.

Par FLBB , le 18/04/2020 à 09:09