Meynadier: „Am Moment leeft et gutt / Mir wëllen d’Coupe gewannen“

Fir d’Magaly Meynadier leeft d’Saison an Däitschland gutt. D’Nationalspillerin kennt am Schnëtt opp ronn 30 Minutten, 9 Punkten, 4 Rebounds, 2 Assists an baal 3 Steals.

Wei leeft d’Saison fir dech perséinlech an fir deng Ekipp?

Bis elo leeft et gutt, mir stinn am Championnat ob der 3. Platz an mir sinn am Final 4 vun der Coupe. Mir hätten net domat gerechent fir mat dobäi ze sinn, well mer och een klengen “roster” sinn, net sou wéi aner Veräiner déi 12 Leit hunn… mee mir trainéieren intensiv an schaffen vill individuell.
Fir mech leeft et besser wéi lescht Joer, mat dem néien Trainer spillen ech lo ob menger Positioun an kréien och méi Vertrauen. Ech sinn zefridden iwwert eis an meng perséinlech Leeschtung.

Wat sinn d’Ziler fir de Rescht vun der Saison?

Ech géing soen lo wou mer an der Coupe souwäit komm sinn wëllen mer och versichen déi ze gewannen. Iwwerhaapt souwäit komm ze sinn ass schonn verreckt. Denken dass Coupe méiglech ass fir jiddereen an der Liga ze gewannen, et ass een Match wou een alles muss ginn an dorobber wäerten mer hischaffen.
An den Playoffs si mer dran an dat war eist Ziel vun Ufank un. Mir spillen am Moment eng gutt Saison et muss weider esou goen! Ech perséinlech versichen ech ëmmer méi aus mer erauszehuelen an weider Gas ze ginn. Ech setzen mer perséinlech Zieler déi ech versichen am Match ze ereeschen.

Par FLBB , le 07/01/2020 à 22:58