Meynadier steet an der 1/2-Finall vun der däitscher Coupe

Magaly Meynadier spillt an Däitschland eng staark Saison. XCYDE Angels (Nördlingen) stinn an der Tabell an der éischter däitscher Bundesliga op der 3. Platz. D’Lëtzebuerger Nationalspillerin ass an der “Starting 5“ fest gesat.

Um Sonnden konnt sech d’Ekipp vum Magaly géint Alba Berlin (2. Liga) duerchsetzen an steet elo an der 1/2-Finall vun der Coupe. Um Enn stoung et 86:70 fir Nördlingen. Magaly Meynadier konnt dobäi mat 22 Punkten iwwerzeegen!

Par FLBB , le 05/12/2019 à 17:30