Michel Reiland: „De Lëtzebuerger Trainer gëtt an eiser Basketwelt net genuch gewierdegt“

Säit kurzem gëtt zu Lëtzebuerg fir d’éischte Kéier eng Formatioun fir den Trainer-A-Schäin ugebueden. Aktuell huelen 16 KandidatInnen um Cours deel (20 haten de Cours ugefangen). Aktiv un der Organisatioun vun dësem Cours bedeelegt ass de Michel Reiland vum CA vun der FLBB, deen am Interview Erklärungen zum Cours an zu der allgemenger Situatioun punkto TrainerInnen zu Lëtzebuerg am Basketball gëtt.

1. Wéi ass et dozou komm des Formatioun zu Letzebuerg unzebidden? Wien huet matgewierkt dass dat konnt organiseiert ginn?

Also mir schwätzen schonns méi wéi säit 6 Joer vun esou enger Formatioun. Den A Schäin verlaangt vill vun den Kandidaten (Qualifikatioun, Zäitopwand, Engagement, …) an dat iwwer eng länger Zäit, sou dass d’Unzuel vun de Kandidaten héich genuch muss sinn fir eng Formatioun kennen ze lancéieren.
Et muss een och e Koup Dozenten an Traineren zu praktesch den selwechten Zäiten organiséieren, wat guer net einfach ass well no der Saison, an dat an alle Länner, spillen d’Nationalequippen, soudass dat net einfach ass gutt Léit erbäi ze kréien.
Ech hat schonns virun Joren probéiert esou eppes ze lancéieren, mee et ass u sech ëmmer um Datum gescheitert. De Jérôme Altmann an ech kruten dunn d‘lescht Joer den Optrag vun der ENEPS an der FLBB den A-Schäin inhaltlech an organisatoresch ze organiséieren.
Fir dëst Joer huet fir den Jérôme a mech u sech alles gepasst gehat. Mir haten 20 Kandidaten fir unzefänken, wat extrem vill ass (mëttlerweil hunn awer schonns 4 Stéck d Handduch geworf). Mir haten de richtegen Zäitpunkt an der Péngschtvakanz, well et fir Kandidaten an Orateuren aus Europa an Amerika méiglech war dorunner deelzehuelen,
just Corona huet eis deelweis en Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Mir haten nämlech wierklech Top-Coachen aus der ganzer Welt.

2. Wat sinn d’Virdeeler des Formatioun kennen zu Lëtzebuerg unzebidden?

Virun allem emol ass et fir d’Lëtzebuerger méi einfach wann d’Formatioun am eegene Land ass.
Fir d’lëtzebuergesch Kandidaten sinn et d’Reesen an d’Ausland (an dat e puermol am Joer), Iwwernuechtungen an Hotellen, Aschreiwungskäschten (déi sinn am Ausland vill méi héich ), …, déi dat ganzt schwéier machen. Zäitlech a präislech ass et sécher besser et hei am Land ze organiséieren.
En aneren Virdeel ass datt di Formatioun ganz op Englesch ass wat am Ausland oft eng Barrière fir Lëtzebuerger an enger Sprooch (z.B. Franséisch) well mir jo awer am Engleschen Basketjargon gutt ausgebilt sinn.
Et sinn awer och Coachen aus Frankräich, Tunesien, Däitschland, Serbien, Kroatien, …, bei eis zu Lëtzebuerg ageschriwwen, sou dass et fir Auslänner awer och ee Virdeel schéngt ze sinn.

3. Wéi steet et em d‘Situatioun mat de BasketballtrainerInnen zu Lëtzebuerg? Wourun soll an Zukunft konkret geschafft ginn fir eventuell Problemer
ze léisen an vläicht Leit ze motivéieren eng Ausbildung ze maachen?

Menger Meenung no musse mer do ënnerscheeden tëschent Trainerformatioun an Trainersituatioun.

Ech mengen schonns dass mer ee Koup begeeschtert Basketball-Traineren hei zu Lëtzebuerg hunn. Vill Leit si motivéiert fir sech ze “qualifizéieren” an sech ze schoulen.
Am Kidscoach hu mer reegelméisseg vill Kandidaten gehat. Ma duerno ass et mi schwéier. Vill Kandidaten wëllen dann awer dee Schratt fir e nächste Schäin net ugoen well en eben zäitopwänneg ass an natierlech och Sacrificer bedeit.

Eng kleng Barrière sinn di vill theoretesch Couren, leider, mee si sinn awer deelweis absolut noutwenneg. E bëssi feelt mir perséinlech den pedagogeschen Aspekt an der Ausbildung, dorunner si mer awer grad am Gaang ze schaffen.

Mir hunn iwweregens, an dat kann ech roueg soen, ganz vill gutt an engagéiert lëtzebuergesch Trainer! Ech kann dat soen well ech och iwwer Grenzen eraus gesinn.
Ma da kennt den eigentleche Probleem, de Lëtzebuerger Trainer gëtt an eiser Basketswelt vläicht net genuch gewierdegt. Vläicht verkeeft och de lëtzebuergeschen Trainer sech net gutt genuch. Vill Traineren trauen sech net fir Posten mat Responsabilitéit ze
iwwerhuelen well se sech net staark genuch spieren, net genuch Ënnerstëtzung spieren. An dann gräifen Clibb op auslännesch Traineren zeréck, déi zwar eng Qualifikatioun opweisen kennen, awer vläicht net grad mam selwechten Häerz an Engagement fir de Club sinn wéi dat eis lëtzebuergesch Traineren wieren. Matt den auslänneschen Traineren
kennen d’Clibb och vläicht aneschters ëmsprangen. Mee un dëser Trainersituatioun mussen d’Clibb schaffen an sech wierklech iwwerleeën op se net besser hätten engem lëtzebuergeschen Trainer ze vertrauen.

Wat Formatioun ubelaangt musse mer effektiv eis Traineren nach besser op de modernen Basket an den moderne Sportler virbereeden. Op pedagogeschem Plang hu mer Defiziter an ech mengen och op athleteschen Plang musse mer eis méi fit machen.

Par FLBB , le 07/06/2020 à 18:46