Mossong mat 15 Punkten bei Victoire, Meynadier an Angels verléiere géint Saarlouis

Um Sonnden huet d’Magaly Meynadier mat den “Angels“ Nördlingen géint Saarlouis Royals gespillt. Dobäi hunn d’Angels e schwaachen Daag erwescht an kloer mat 61:77 verluer, och d’Lëtzebuerger Nationalspillerin konnt net iwwerzeegen an huet an 12 kee Punkt markéiert.
Statistiken –> Stats_Angels_Saarlouis

D’Nadia Mossong huet an Italien eng weider Victoire geféiert, dat mat 75:53 géint Treviso. D’Nadia huet 15 Punkten an 11 Rebounds markéiert. Statistiken vum Match fannt Dir op der Foto:

Par FLBB , le 16/02/2020 à 18:39