Mossong: „Opstig gëtt schwéier, mee et ass machbar“

Nadia Mossong spillt och dess Saison an Italien, an der 2. Liga bei “Pallacanestro Bolzano“. Do leeft déi aktuell Saison gutt, d’Lëtzebuerger Nationalspillerin markéiert 16,5 Punkten de Match.

Fro: Wei leeft déi aktuell Saison fir d’Ekipp an fir dech perséinlech?

N.M: D’Saison leeft gutt fir eis. Bis lo hu mer just een Match verluer an sinn domat déi éischt am Klassement. Ech perséinlech spillen allgemeng eng gu77 Saison a sinn eng vun den Topscorerinnen vun der Liga (16,5 Punkten de Match).

Fro: Wat sinn d’Ziler fir de Rescht vun der Saison?

N.M: Eist Zil ass den Opstig. Dofir mussen mer fir d’éischt d’Playoffs packen (dh ënnert déi éischt 3 an eiser Regioun Veneto kommen) an dono ginn dann Matcher géint déi aner Regiounen aus ganz Italien gespillt. Wéinst neiem Modus steigen just 4 Equipen am ganzen ob, vun dohier gëtt dat net sou einfach, mee denken et ass machbar.

Foto: FIBA
Par FLBB , le 02/01/2020 à 20:50