Musel Pikes Fraen verpassen d’Play-offs trotz Victoire

Gréngewald, T71, Amicale, Etzella, Esch a Walfer stinn bei de Fraen an de Play-offs!

Nodeems Résidence Walfer sech géínt de Leader Gréngewald duerchsetze konnt (74:68), an de Basket Esch géint Telstar mat 106:71 iwwerzeege konnt, war kloer, dass d’Musel Pikes d’Play-offs 2019/2020 verpassen.

Telstar – Basket Esch 71:106
– Kloer Ausso vum Basket Esch, dei 2 Ekippen treffen nächst Woch an der Coupe 1/2-Finall openeen.
– Coulibaly war mat 47 Punkten an 12 Rebounds net ze stoppen.
– 5 Spillerinnen vum Basket Esch mat mindestens 10 Punkten.

T71 – Musel Pikes 55:76
– Pikes gewannen, mee sinn awer eraus wéinst dem Mini-Championnat ënner de 4 Ekippen (ennen erklärt)

Résidence – Gréngewald 74:68
– Logic (24 Punkten, 12 Rebounds) an Cahill (24 Punkten, 10 Rebounds) hunn fir Walfer iwwerzeegt.
– Walfer war an der Paus 24 Punkten fir.

Etzella – Sparta 87:62
– Anthony mat 36 Punkten an 12 Rebounds.

Amicale – Contern 77:76
– Amicale gewënnt an leschter Sekonn duerch Freiwerf vum Erica Morrow an qualifizéiert sech domat direkt fir d’Play-offs, ouni missen an engem Mini-Championnat mat an d’Rechnung geholl ze ginn.

D’Entscheedung fält um Enn an engem 4-Ekippen-Vergläich tëschent Diddeleng, Esch, Walfer an de Musel Pikes. An dësem Vergläich hunn d’Musel Pikes am mannste Victoiren opzeweisen.

1. Basket Esch 10 Punkten
2. T71 8 Punkten
3. Résidence 8 Punkten
4. Musel Pikes 6 Punkten

De Musel Pikes ass um Enn zum Verhängnis ginn, dass si 2 mol géint de Basket Esch verluer hunn an der Saison.

Tabell –> Tabell_Fraen

Foto: Facebook-Säit Résidence Walfer

Par FLBB , le 26/01/2020 à 17:38