Musel Pikes mat wichteger Victoire géint de Gréngewald

Bei den Dammen konnte sech um Samschden-Owend (11.01) d’Musel Pikes eng ganz wichteg Victoire sécheren. No engem knappen 61:56-Succès steet d’Ekipp vum Trainer Louis Wennig weiderhin op der 6. Platz an der Tabell mat engem Virsprong vun engem Punkt op d’Résidence Walfer. Beschte Spillerinnen bei de Pikes waren Bridget Yoerger (22 Punkten, 16 Rebounds) an d’Cathy Schmit (17 Punkten, 6 Rebounds, 6 Assists). Et ass schonns déi 2. Kéier des Saison, dass d’Pikes de Landesmeeschter an Leader am Championnat konnte bezwéngen. An der 1/2-Finall vum “Lalux Ladies Cup“ wäerte sech déi 2 Ekippen erëm entgéint stoen, e spannende Match ass domat schonn virprogramméiert.

An der Tabell léien direkt 4 Ekippen punktgläich op de Platzen 3-6, deemno eng enorm spannend Situatioun. Esch, Steesel, Diddeléng an d’Pikes dierfe sech net ze sécher spieren, well d’Résidence Walfer lauert 1 Punkt hannendrun op der 7. Platz.

Statistiken vum 15. Spilldag bei den Dammen am Iwwerbléck fannt Dir hei –> KEY_FACTS_STATS_FRAEN_15_Spilldag

Foto: Musel Pikes facebook Säit

Par FLBB , le 13/01/2020 à 19:46