NBA-RESTART: 9 wéider Spiller positiv getest

D’Profiliga NBA plangt e Neistart vun der Saison zu Orlando (Disney Land), de Moment lafen d’Virbereedungen fir de Start (deen fir den 30. Juli virgesinn ass) op Héichtouren.

Des Woch sinn insgesamt 9 wéider Spiller positiv op de COVID-19-Virus getest ginn. D’Lëscht mat Spiller, déi positiv getest goufen, gëtt domat permanent méi grouss, an Amerika klammen d’Zuelen momentan landeswäit staark. Soumat bleift fir NBA-Fans ze hoffen, dass de Plang de Spillbetrieb deemnächst erëm ze starten och wierklech kann agehale ginn.

Par FLBB , le 02/07/2020 à 21:29