Neie Visiteur-record um Site e Sonnden

E Samschden gouf de néien FLBB-Site präsentéiert, e Sonnden gouf et dunn schonn e neie Visiteur-Rekord op der Websäit, souvill Leit sinn nach nii op engem Dag op de Site vun der FLBB gaangen, an dat obwuel de Site duerch eng technesch Panne – fir déi mir näischt konnten, an fir dei mir eis awer entschëllegen – méi wéi 2 Stonnen net besicht konnt ginn.
Mir kruten och vill feed-back vun Iech an schaffen am Moment virun allem un klengen Ännerungen un der “app“, do ginn et deemnächst och Neiegkeeten.

D’Basketfederatioun betount och, dass si ëmmer un néie Sponsoren interesséiert ass an deenen och elo – mam neie Site an der neier app – kann eng däitlech besser Audienz ubidden.

Par FLBB , le 22/01/2020 à 16:12