No der Dammenfinall geet et fir d’Sofie Olsen vun der Résidence Walfer an d’USA

English version below

E Mëttwoch ass de Start vun der Finallserie bei den Dammen. Den T71 Diddeléng trëfft op d’Résidence Walfer. Fir Champion ze ginn, muss een an der « best-of-3 »-Serie 2 Matcher gewannen, Diddeléng huet als beschten Ekipp vun der regulärer Saison Heemvirdeel. Fir d’Sofie Olsen vun der Résidence wäert et eng besonnesch Finall ginn, fir déi jonk Spillerin steet nämlech fest, dass et fir eng Zäit wäert de leschte Match zu Lëtzebuerg sinn.

Déi nächst Deeg gëtt sech allerdéngs nach komplett op déi entscheedend Matcher am Championnat konzentréiert: „Mir mussen mat Confiance an d’Matcher géint Diddeléng rangoen an 40 Minutten laang konzentréiert spillen, eise Basket an der Offense an an der Defense spillen. Et ass wichteg dass mir zu all Moment de Kapp héich halen », sou déi jonk Spillerin, déi am entscheedenden 3. Match géint d’Musel Pikes an der 1/2-Finall mat 13 Punkten iwwerzeegen konnt. Fir d’Sofie Olsen sinn d’Chancen an dëser Finall och gläich opgedeelt. „An der regulärer Saison hu mir 1:1 gedeelt géint den T71, et waren 2 ganz knapp Matcher. Mir goufen als Ekipp schon oft genuch als underdog bezeechent, do hunn mir och näischt dogéint, mee mir hunn bewisen dass mir géint jiddereen gewannen kënnen. Natierlech ass Diddeléng eng staark Ekipp mat ganz ville gudde Spillerinnen, ech mengen an hoffen dass et eng ganz flott Serie wäert ginn. »

No der Finall fänkt fir d’Sofie eng nei Erausfuerderung un, et geet an d’USA, wou d’Lëtzebuergerin zu Buffalo Studien an Basket mateneen verbanne wäert. „Et ass schonn laang mäin Dram an Amerika op d’Uni ze goen an Basket ze spillen, elo ass et den éischte grousse Schrëtt fir mech als Basketspillerin. Et ass eng ganz aner Atmosphär an Kultur, dorop freeën ech mech enorm. An der éischter Saison wäert ech mech virun allem un de Spillstil an den USA gewinnen missen, ech well mech an alle Beräicher (dribbelen, Worf, Iwwersiicht, …) verbesseren als Spillerin. Ech denken dass déi erfueren Spillerinnen mir enorm hëllefen kënnen, ech hunn 4 Joer Zäit mech ze entwéckelen. Natierlech sinn ech och traureg dass ech net méi zu Walfer wäert spille kennen, d’Ekipp ass immens et mécht grousse Spaass. » Vläicht reest d’Sofie no der Saison mat engem Titel am Koffer an d’USA …

Resultater tëschent den 2 Ekippen des Saison:
Résidence – T71 65:71
T71 – Résidence 75:80

English version:
Wednesday marks the start of the ladies’ finals-series: T71 Dudelange meets Résidence Walfer. To become champion you have to win 2 games in the « best-of-3 »-series, Dudelange has the right to start at home as they finished as the best team of the regular season. For Sofie it will be a special final because the young player is certain that it will be the last match in Luxembourg for a while.

The next days, however, the focus will be entirely on the decisive matches in the championship: „We have to play with confidence against Dudelange and focus for 40 minutes, playing our basketball in offense and defense. It’s important that we keep our heads high at all times » says the young player, who had a great performance in the decisive 3rd game against the Musel Pikes in the 1/2-finals with 13 points. For Sophie Olsen, the chances in this final are equally divided. „In the regular season we shared 1:1, those were 2 very close gamess. As a team we have often been called underdogs, we have nothing against that, but we proved that we can win against everyone. Obviously, Dudelange is a strong team with a lot of good players, I think and hope it will be a very good series. »

After the finals, a new challenge will start for Sofie, she will go to the USA, where the youth national team player will combine studies in Buffalo and basketball. „It has long been my dream to go to college and play basketball in America, this is the first big step for me as a basketball player. It’s a very different atmosphere and culture which I’m really looking forward to. In the first season I will mainly have to get used to the style of play in the USA, I want to improve as a player in all areas (dribbling, shooting, court vision, …). I think the experienced players can help me a lot, I have 4 years to develop. Of course, I’m also sad that I will not be able to play in Walferdange anymore, the team is great and we have a lot of fun. » Maybe Sofie will travel to the USA with a title in her pocket …

Earlier results between the two teams this season:
Résidence – T71 65:71
T71 – Résidence 75:80

Foto/Picture: stefguillaume.com

Par FLBB , le 25/05/2021 à 17:20