Nodrosmatcher: Fiels an de Basket Esch mat Victoiren

Um Mëttwoch an Donneschden goufen an der Total League bei den Hären 2 Nodrosmatcher gespillt.

 

Um Mëttwoch-Owend huet sech iwwerraschend d’Arantia Fiels mat 90:74 géint den T71 Diddeleng duerchgesat. Dei 2 Amerikaner Avery (23 Punkten, 12 Rebounds) an Willett (30 Punkten, 14 Rebounds) goufen ënnerstëtzt vun enger staarker Fielser Bänk, déi insgesamt 31 Punkten markéiert huet. Den T71 hat eng schwaach Trefferquot an war och am Rebound ënnerleeën (34:46). Mat der Victoire ass d’Fiels an der Tabell op Platz 6 gesprongen.

Statistiken vum Match –> Arantia_T71_stats

Um Donneschden stoung en Toppmatch um Programm. Zu Ettelbreck hat d’Lokalekipp an der Paus 1 Punkt Virsprong géint de Basket Esch. No der Paus huet den Tabelleleader den Tempo awer ugezunn an sech ofgesat, um Enn gewënnt Esch mat 97:75. De Clancy Rugg konnt mat 35 Punkten an 13 Rebounds iwwerzeegen. Bei der Etzella huet den Amerikaner Kinney säin Debut geféiert, hien koum op 31 Punkten an 8 Rebounds.

Statsitiken –> stats_Etzella_Esch

An der Tabell hunn elo all Ekippen 15 Matcher gespillt. Um Weekend gëtt den 16. Spilldag gespillt, um Weekend vum 24. bis de 26. Januar ass dann en duebele Spilldag, wou déi leschten Entscheedungen am Hibléck op den Titelgrupp an den Op- an Ofstigsgrupp wäerte falen.

Foto: Ray Hoffmann
Par FLBB , le 16/01/2020 à 13:17