Nurenberg: „Hei gëtt vill méi schnell an kierperlech gespillt“

D’Svenia Nurenberg ass vum T71 Diddeleng op d’Campbell University gewiesselt. E grousse Schratt fir d’Lëtzebuerger Nationalspillerin. Aktuell leeft et et awer ëmmer besser fir d’Svenia: „ Sportlech leeft et am Moment relativ gutt an ech stoung lo déi lescht 5 Matcher an der Starting 5 obwuel ech virdrun 3 Matcher net souvill ze spille krut! Konkurrenz ass hei natierlech vill méi grouss an wann een net ëmmer op 100% as, spillt eben een aneren. Hei gëtt vill méi schnell an kierperlech gespillt wei doheem, wourun ech mech lo lues an lues gewinnt hunn! Als Ekipp ergänze mir eis all gutt an et ass enger super Mëschung vun méi jonken an eben méi erfuerenen Spillerinnen! Mir verstinn eis och ausserhalb vum Terrain super! Eist Zil als Equipe ass et ëmmer besser ze ginn (doheem nach keen Match verluer), eis weider ze verbesseren fir am Mäerz eis “BigSouth Confernce“ eventuell kennen ze wannen! Perséinlech gefält et mir ganz gutt (obwuel dat hei wierklech an der Pampa läit 😉😉) an schoulesch hat ech bis lo och keen Probleem bis lo an hoffen dass dat sou weider geet! Sportlech sinn ech momentan zefridden mat menge Spillminutten. Soss freeën ech mech awer am Mee fir mol erëm heem, obwuel meng Famill mech am Dezember 2 Woche besicht huet, wat mir ganz gutt gedoen huet!“ “

Um Weekend huet Campbell mat 53:47 géint Presbyterian gewonn. D’Svenia stoung 31 Minutten um Terrain an huet 6 Rebounds gesammelt.

 

FOTO: FIBA
Par FLBB , le 20/01/2020 à 10:44