Optakt vum Dammebasket-Championnat (rtl.lu)

Dëse Weekend fält de Startschoss fir déi nei Saison am Dammebasket. Dobäi kënnt et direkt zu e puer interessante Matcher.

De wuel interessantste Match dierft d’Spëtzepartie tëscht der Résidence Walfer an dem T71 Diddeleng sinn. Allerdéngs stellt ee sech wéi esou dacks nees déi nämmlecht Froe virun der Saison: Kënnen déi Diddelenger Dammen hiren Titel verdeedegen? Wie sinn déi schäerfste Konkurrente fir d’Damme vun Diddeleng? A fir wéi eng Ekippe gëtt et eng schwéier Saison? De Guy Seyler huet dës Froe weiderginn un d’Liz Schmitz.

–> Artikel rtl.lu

Par FLBB , le 22/09/2022 à 07:39