Optakt vun der Titelgrupp: Résidence am Derby mat 9. Victoire noeneen

Bei den Dammen goufen um Samschden déi éischt 2 Matcher an der Titelgrupp gespillt. De Champion Gréngewald setzt sech géint Esch duerch (92:70), woubäi déi Escher Dammen op eng Profispillerin hunn misse verzichten. Ganz spannend war den Derby tëscht Walfer a Steesel, um Enn gewënnt d’Résidence mat 89:87.

Basket Esch – Gréngewald 70:92
– Match tëschent den 2 Finalisten an der Coupe!
– Shawnte Goff mat 25 Punkten an 8 Assists, Lisy Hetting mat 13 Punkten
– Liktharovich (23) an Grieb (22) Topscorer bei Basket Esch
– Bei Esch huet Profispillerin Coulibaly gefeelt, dofir huet Tatsiana Khatsko matgespillt
– Esch huet de Rebound 68:35 dominéiert, an awer de Match verluer.

Statistiken –> stats_Esch_Gréngewald_Fraen

Résidence – Amicale 89:87
– Match gouf an de Schlusssekonnen entscheet
– Logic (30) an Cooper (28) mat 58 Punkten fir Walfer, DeRond mat 10.
– Scott (35) an Morrow (25) mat 60 Punkten fir Steesel, Skrijelj mat 18
– Steesel trëfft nëmmen 2/21 “3-er“
– Résidence Walfer huet elo 9 Matcher noeneen gewonn!

Statistiken –> stats_Walfer_Steesel_Dammen

Par FLBB , le 08/02/2020 à 20:16