Philippe Oly: „E gudde Rebounder hëlleft immens vill.“

Am Summer 2019 huet d’Ekipp mam Philippe Oly, Dylan Rocha Pires an Malik Wilson de Landesmeeschtertitel am “3×3“ zu Esch gewonn. De Philippe Oly erkläert eis, wat beim 3 géint 3 besonnesch wichteg ass:

„Well et nëmmen 1 Kuerf gëtt, ass d’Spill natierlech vill méi séier, et muss een zwar net ropp an erof lafen, dofir awer vill méi séier ëmschalten vun Attack op Defense. Et ass méi Platz um Terrain an dofir kann een an der Defense net esou vill hëllefe goen wéi gewinnt, soss steet ee Géigespiller direkt ganz fräi.
E gudde Rebounder hëlleft enorm vill, dann gëtt d’Spill net sou séier well een selwer méi laang am Ballbesëtz bleift. Et ass och enorm wichteg, dass jiddereen gutt Defense spille kann well een sech net verstoppe kann wéi een dat heiansdo am 5 géint 5 maache kann. Gutt “screens“ an e gutt “pick-and-roll“-Spill sinn och vu Virdeel.“

FOTO: Ray Hoffmann

Par FLBB , le 04/01/2020 à 11:27