Pikes-Dammen: Wennig bleift Trainer, Yoerger verlängert Kontrakt

Wéi d’Musel Pikes um Dënschden matdeelen, bleift de Louis Wennig Trainer bei den Dammen an gëtt och weiderhin vum Laurent Schmitz assistéiert.

Bridget Yoerger bleift och nach e Joer am Kader vun de Miseler Dammen. Vun de Lëtzebuerger Spillerinnen wäert nëmmen d’Laura Mreches net méi fir d’A-Ekipp aktiv sinn.

Foto: Musel Pikes

Par FLBB , le 12/05/2020 à 13:52