Pirates géint Mamer an der Coupe-FLBB-Finall

Bei den Hären aus der Nationale 3 spillen um 31. Januar em 20.45 Auer d’Ekippen vun Berbuerg/Wasserbelleg (East Side Pirates) an Mamer (BBC Mamer) géinteneen.

Et ass den Duell tëschent dem Tabelleleader Mamer (11 Matcher gewonn, 1 verluer) an dem Tabellenzweeten Pirates (9 Matcher gewonn, 3 verluer). Mam Billy McDaniel steet bei Mamer och e Spiller um Terrain, deen schonn op héchstem nationale Niveau an der Coque ganz staark Matcher gespillt huet.

Par FLBB , le 20/01/2020 à 23:11