Podcast Drëtt Hallschent mam Ton Konen (rtl.lu)

Am Podcast « Drëtt Hallschent – De Sporttalk » ass dës Woch de Basketspiller Tom Konen eisen Invité.

De Basketspiller vu Steesel schwätzt mam Jeff Kettenmeyer iwwert de Championstitel, dat an enger Saison, déi eigentlech ganz schlecht ugefaangen hat. An der drëtter Finall hat hien den decisiven Dräier géint den T71 geschoss. Donieft geet et awer och ëm säi Wiessel vu Walfer zeréck bei säi Jugendveräin. Den Tom Konen erzielt och, wéi vill Aarbecht hien a säin Training stécht a wéi seng Zäit an den USA war.

–> Podcast Drett Halschent mam on Konen lauschteren

Par FLBB , le 30/05/2022 à 17:40