Reaktiouen op den Doud vum Kobe Bryant zu Lëtzebuerg

D’Noriicht um spéiden Sonnden-Owend vum Doud vum Kobe Bryant (an 8 weidere Leit, dorënner seng Duechter) huet Basketwelt geschockt, och hei zu Lëtzebuerg.

Vum Marco Rock – engem groussen LA Lakers Fan – krute mir eng Foto erageschéckt: Special Olympics (SOL Basketekipp) hunn an enger Gedenkminutt vun 24 Sekonnen (eng Trikotnummer vum Bryant) um Training un hien geduecht.

Och Jugendspiller vum T71 hunn sech zesummen an der Hal op de Buedem gesat an eng “24“ geschriwwen, dei der op der Foto kënnt gesinn.

An der nationaler Press gouf et weider Reaktiounen, hei sinn d’Artikel:

1) E Noruff vum Jeff Kettenmeyer op rtl.lu –> Kettenmeyer_Noruf_Kobe

2) Reaktiounen vum Kevin Moura, Denell Stephens an Raphaël Stacchioti op wort.lu –> ARTIKEL_WORT.LU

Par FLBB , le 28/01/2020 à 08:30