Regional Camp Norden (25.01.2020)

E Samschden de Moien huet an der Fiels den leschten vun den dréi Regional Camps, déi FLBB fir Spiller a Spillerinnen aus den Alterskategorien 2007-2009 organiséiert, stattfonnt.

Ab 9h30 waren ronn 80 Kanner an der Hal “Filano“ aktiv. Wéi bei all Camp stoungen och haut Statiounen vun den Basket Fundamentals (Ballhandling, Passen, Shooting, Athletik) souwéi Matcher um Programm.

Déi 3 Regional Camps 2020 waren e vollen Succès. Am Total hunn 280 Kanner mat vill Begeeschterung a Spaass hunn den Camps deelgeholl. Flbb seet all de Kanner an Coachen Merci fir dësen Erfolleg. E grousse Merci geet och un déi 3 Veräiner T71 Diddeleng, Residence Walfer an Arantia Larochette fir Disponibilitéit vun der Hal an Ënnerstëtzung.

Par FLBB , le 23/01/2020 à 09:43