Remboursement vun den Tickets fir d’Finallen vun den Coupen

Wéinst der aktueller schwiereger Situatioun bedéngt duerch d’COVID-19 Pandemie, wou fir de Moment keen kann viraussoen wéi et virun geet, huet den Conseil d’administration vun der FLBB decidéiert dass all Ticket deen an der Prévente fir d’Finalen vun der LOTERIE NATIONALE Coupe de Luxembourg an dem LALUX Ladies Cup verkaaft gin as soll rembourséiert gin.

Kontaktéiert w.e.g. déi Platzen wou Dir Ären Ticket kaaft hudd, fir mat hinnen d’Remboursements-Méiglechkeeten ze kucken .

Déi Leit, déi hieren Ticket online kaaft hun, gin vun Ticket-Regional selwer iwwert Newsletter kontaktéiert.

Mir bieden Iech em Är Gedold an Versteesdemech wann d’Prozedur eventuell géing e bëssi daueren an jiddferengem d’Chance ze gin, sech ze organiséieren.

Wéini d’Finalen elo wäerten gespillt ginn, ass ofzewaarden, mee mir wäerten Iech doriwwer informéieren. An deem Fall gëtt eng nei Prévente organiséiert.

Par FLBB , le 23/03/2020 à 18:40