REPLAY vun der Coupe-Finall vun 1996 um INS

1996 stounge sech US Hiefenech an den AB Contern (demols Nationale 2) an der Finall vun der Coupe géintiwwer.

De komplette Match kann een op youtube kucken.

Bei Contern stoungen ënner anerem den aktuelle Nationaltrainer Ken Diederich, den Yves Braun oder och nach den Marco Rock um Terrain, bei Hiefenech spillt niewent Spiller wéi dem Serge Maes an Serge Hetto och de Lee Rowlinson, deen jorelang zu de beschte Profispiller am Land gezielt huet. Interessant ass sécherlech och déi speziell Stëmmung an der komplett voller Hal um INS.

Par FLBB , le 09/05/2020 à 22:02