Reportage: Lisa Jablonowski

Véier Joer laang huet d’Lëtzebuerger Nationalspillerin Lisa Jablonowski, 1m89 grouss, an den USA Politikwëssenschaft studéiert an op hirer UNI vu Virginia och Basket gespillt. Eng duebel wichteg Erfarung, well se sech domadder konnt perfektionéieren. Elo ass d’Lisa Jablonowski och wéinst der Corona-Kris nees zu Lëtzebuerg a krut de leschte Samschdeg hire Bachelor online iwwerreecht. Doriwwer awer och iwwer hir méiglech Profi-Basket-Kariär geet Rieds am Interview mam Lisa Jablonowski.

Reportage –> Artikel_RTL.lu

Par FLBB , le 22/05/2020 à 20:03